D'CEM

D'Cellule fir medezinesch Expertise (CEM) gouf gegrënnt duerch d'Gesetz vum 17. Dezember 2010 dat de Gesondheetssystem reforméiert huet.

D'Missioune sinn am Artikel 65bis (1) vum Sozialversécherungscode festgeluecht. Hir Visioun ass et, baséierend op  wëssenschaftlechem Schaffen, zur Verbesserung vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem bäizedroen.

D'CEM besteet aus enger multidisziplinärer Equipe. Déi oppe Poste ginn op dem Portal govjobs.lu publizéiert.

D'CEM baséiert sech bei hirer Aarbecht op bestëmmte Prozedure fir transparent a qualitativ héichwäerteg Aarbecht bidden ze kënnen.