Attributiounen
D'Cellule fir medezinesch Expertise (Cellule d'expertise médicale - CEM) gouf gegrënnt duerch d'Gesetz vum 17. Dezember 2010 dat de Gesondheetssystem reforméiert huet.
Hir Missioune stinn am Artikel 65bis (1) vum Sozialversécherungscode a betreffen dräi Haaptthemen:
- d'Ausschaffe vu wëssenschaftlechen Avisen op Demande vun der Nomenklaturkommissioun oder betreffend medezinesch Dispositiffen an aner Beräicher vum Gesondheets- a Sozialversécherungswiesen;
- d'Analyse vu Gesondheets- a Sozialversécherungsdaten;
- methodologesch Zesummenaarbecht am Beräich vun der Standardiséierung vu medezinesche Praktiken.
Nieft hirer wëssenschaftlecher Aarbecht ass d'CEM och zoustänneg fir d'Sekretariat vum Wëssenschaftleche Conseil am Gesondheetssecteur souwéi fir technesch Ënnerstëtzungsaufgaben.
Ons Partner / Intressant Säiten
Aktualiséiert den